Och an dësem Episod Am Takt 2 Gespréichspartner, wann een et richteg hëlt souguer 4. De Projet Dontnod ass vum Dave Schmit (Eternal Tango) an David Funez an d'Liewe geruff ginn an den Duo Netty Hugo spillt a produzéiert Techno ronderëm de Globus.

13/09/2021 Am Takt: Dontnod & Netty Hugo
RTL

Dontnod ass an Tëschenzäit 2 Lidder al, Breaking Back war virun der Vakanz erauskomm, Vultures virun e puer Deeg.

Den Dave an de Funez maache scho méi laang Musek zesumme ma mat deem heite Projet wollt een dat maache wat engem Spaass mécht a wat ouni groussen Tamtam entstoe kann, als Inspiratiounsquelle gëtt den Duo e ganze Koup Genren un, et wëllt een och net selwer an en Tirang gestach ginn.

Eng EP soll ufanks dat nächst Joer prett sinn, déi 2 Museker hunn awer nach wëlles dëst Joer eng weider Single ze publizéieren, op där dierft dann eng jonk Sängerin (d'Laetitia) ze héiere sinn, de "richtege" Video fir Vultures soll nach dëse Mount fäerdeg ginn.

13/09/2021 Am Takt: Dontnod

Mat der anerer Koppel ass et ëm elektronesch Musek gaangen; Techno.

RTL

An den 90er hunn de Mark Netty an den Hugo Rafael ugefaangen opzeleeën a maachen dat haut ëmmer nach. Fir aneren DJs d'Méiglechkeet ze ginn och eng Plaz fir e Set ze kréien, hunn den Netty an den Hugo decidéiert fir zesummen hannert den Decks ze stoen an dat huet si am Laf vun de Joren an déi ganz Welt bruecht, Libanon, Spuenien asw. A punkto Produktioun ass et déi lescht Méint och nawell viru gaangen, de Virus huet eng Hand mat ugepaakt.

RTL

A wien nach ëmmer e schlecht Bild vun Techno huet, hätt besser den Interview mam Mark a mam Hugo ze lauschteren.

13/09/2021 Am Takt:Netty Hugo

An dann nach de Rescht vun der Playlist vun dëser Sendung (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)