Am Mäerz dëst Joer hu Go By Brooks e Concert am ale Stadhaus zu Déifferdeng gespillt deen et elo zënter Mëtt Juli als Live-Album gëtt a mam Gilles Zeimet war och genuch Material fir en Interview do, de Museker ass scho 35 Joer aktiv.

20/09/2021 Am Takt: Go By Brooks & Gilles Zeimet
RTL

No sëllegen online Concerte waren am Fréijoer abee mol Concerten, net grad sou wéi fréier, méiglech; mat Distanz-Reegelen an d'Mask hat een och un. Dat war am Mäerz zu Déifferdeng fir Go By Brooks net anescht. An awer huet ee sech gefreet fir endlech erëm op enger Bün ze stoen, a well den Tountechniker sou léif war de Concert opzehuelen, gëtt et en éischte Live-Album vum Laetitia Koener a senge Leit. Doriwwer a wat an Zukunft nach vu Go By Brooks z'erwaarden ass (Spoiler-Alert, et kënnt en Album) gouf Am Takt diskutéiert.

20/09/2021 Am Takt: Go By Brooks
RTL

2. Invité an dësem Episod war de Gilles Zeimet deen elo scho 35 Joer aktiv Musek mécht. An den 90er war hien dobäi wéi No Name och iwwer d'Grenzen eraus bekannt ginn ass. Mat Alien Pitch Cat ass déi rockeg Oder vum Gilles aktiv an als Solo-Artist kënnt dann och nach en Touch Pop a säi Repertoire. A well de Gilles am beschten ënnert der Dusch séngt (sot hie mol am Interview) iwwerléisst hien datt bei senge Solo-Produktioune Sänger a Sängerinnen aus dem In- an Ausland. De Gilles Zeimet Live an Aktioun kéint de 27. November méiglech sinn, da soll de Release vum 3. Alien Pitch Cat-Album nogeholl ginn.

20/09/2021 Am Takt: Gilles Zeimet

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)