En Jazzquartett dee sech am Athenée fonnt huet, en Debutalbum vum Pleasing dee ganz vill Gefiller verschafft an e Festival fir Grouss a Kleng zu Zolwer am Artikuss.

11/10/2021 Am Takt: Jambal, Pleasing & ArtiKISS
RTL

De Maxime Igisch war den éischten Invité an dësem Episod, zesumme mam Ben Bley, Arthur Clees a Luca Garofalo, maachen déi 4 Kolleegen elo zënter gutt 2 Joer Musek zesummen. De Lockdown hat et Jambal méiglech gemaach op sech opmierksam ze maachen, sou datt och schonn éischt Concerte gouf a mat Between Dissonance And Consonance huet d'Grupp och schonn eng éischt EP.

RTL

Duerno war et um Patrick Miranda, deen ënnert dem Numm Pleasing Musek mécht. Den Debutalbum In The Mood For Super Dark Times ass den 1. Oktober offiziell erauskomm, de Release Concert ass awer eréischt e Samschden an de Rotondes, mat Only 2 Sticks als Support. Op dësem Album, e ganz perséinlechen, huet de Patrick seng Gefiller verschafft a mécht och kee Geheimnis draus datt do Theme wéi Depressioun a Suicide op d'Tapéit kommen.

RTL

An den Ofschloss huet de Jean-Claude Sonnen vun der asbl Shadows' Night gemaach där hire Festival dëst Joer ArtiKISS heescht an am Artikuss zu Zolwer ofgehale gëtt. ArtiKISS kënnt net vun ongeféier, well mat KISS Forever Band ass eng KISS-Tribute-Band dobäi, awer och Moof, ShadowWhisperS, Fernanda Stange a Pelemele (eng Rockgrupp fir Kanner). Nieft de Concerte sinn och eng helle Wull Workshops daagsiwwer geplangt.

An hei dann nach de Rescht vun der Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)