D'Bud war voll; de Georges Urwald freet sech op de Release-Concert vun der neier Flott-Plack, de Maz ass genee sou frou iwwer säi Concert an der Kulturfabrik a wéi eng Musek The Cookie Jar Complot maachen, war och ze gewuer ginn.

18/10/2021 Am Takt: Georges Urwald
RTL

Eigentlech hätt 1971, den neien Album vum Projet Flott, schonn am Mäerz sollte Live virgestallt ginn. Dat wier och e ganz spezielle Moment fir de Georges Urwald gewiescht, hien ass do 50 Joer al ginn. De roude Fuedem vu Flott sinn d'Clownen, dës Entertainer hunn et dem Lëtzebuerger Museker ugedoen a sou fënnt een d'Thema natierlech och um neie Wierk erëm.

RTL

Den Thomas Faber, besser bekannt als Maz, hat jo déi éischt Editioun vum Screaming Fields Song Contest am Joer 2017 gewonnen. Zanterhier iwwerzeegt de jonke Rapper weiderhi mat sengen déifgrënnegen Texter a sengem Talent séier ze rappen. Den 23.Oktober kann een hien dann och endlech rëm live erliewen. Do trëtt hien nämlech mam CHAiLD, a mam Maale Gars als Support, an der Kulturfabrik op – nodeems hire Concert aus bekannte Grënn zwee Mol verréckelt gouf.

18/10/2021 Am Takt: Maz am Interview
RTL

D’Lëtzebuerger Musekszeen huet Nowuess kritt. An zwar a Form vun der instrumentaler Indie Band „The Cookie Jar Complot“ - dat sinn de Sven Schmeler a Gilles Glesener. Leschte Freiden hu si hir nei Single „sweet dreams“ erausbruecht. An an dësem Kontext hu mir di zwee jonk Museker dann och interviewt.

18/10/2021 Am Takt: The Cookie Jar Complot

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (esou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)