Et war mol erëm un der Zäit fir 2, 3 Wierder mam David Ianni ze wiesselen. De Komponist a Pianist war déi lescht Wochen a Méint richteg fläisseg a freet sech elo op e weidere Concert, mat deels neier Musek.

25/10/2021 Am Takt: David Ianni
RTL

Dobäi hat den David Ianni schonn 2 Release-Concerten dëst Joer, fir Timlessness war d'Rees op Veianen an d'Schlass gaangen, vun deem Optrëtt kënnt iwwregens geschwënn e flotte Video eraus (O-Toun David Ianni) a fir de Release vum Volume 1. vu senge Songs of Love stoung den David am Juli op der Bün vun der Philharmonie. Ma et geet monter weider mat der Musek vum Pianist, eng genee Timeline fir Volume 2 oder 3 gëtt et net, mä et wiere scho vill Stécker fäerdeg, dorënner Light dat am September erauskomm ass a Prayer For Peace dat elo e Freiden am Celo zu Hesper am Kader vu sengem Concert virgestallt gëtt.

Hei dann nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)

An den nächste Méinden ass Am Takt Am Congé. Bis a 14 Deeg.