Salsa vun Heiheem! An dann och nach vun engem vun de beschte Conga-Spiller aus Europa. Den Eric Durrer stécht hannert dem Projet Choco Y Sus Complices an huet an de leschter 5 Joer eng 16-Mann-staark Formatioun op d'Bee gestallt.

22/11/2021 Am Takt: Eric Durrer
RTL

Seng Passioun fir Salsa, iwwerhaapt dee Genre Musek, ass wärend senger Zäit am Conservatoire komm. Verfeinert gouf dës Leidenschaft mat Visitten a Kuba an awer och den Etüden an Holland, wou Salsa eng grouss Fan-Basis huet. Genee do ass dann och säi Spëtznumm Choco entstanen. Déi ganz Geschicht héiert dir am Interview.

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op där Plattform disponibel sinn)