Déi elektronesch Musek stoung dës Kéier am Mëttelpunkt. De Waztoo ass schonn iwwer 18 Joer DJ an huet sech zënter 16 Joer komplett der elektronescher Musek verschriwwen.

29/11/2021 Am Takt: Waztoo
RTL

Am Laf vun de Joer huet de Waztoo mat lokale Kënschtler opgeluecht, Warm-Up fir international Acts gemaach, e Podcast an d'Liewe geruff an elo endlech mat de Produktiounen ugefaangen. Seng aktuell Single Low Lights ass bei engem Ënner-Label vu Sony Music erauskomm an och déi nächst zwee Lidder si bei renomméierte Labelen. Iwwert säi Wee vum Hochzäits-Dj bis bei de Produzent a seng Erfarung mat de Groussen aus der Branche ass et ënner anerem Am Takt gaangen.

An hei de Rescht vun der Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op där Plattform disponibel sinn)