Dat war dach mol eng méi "rockeg" Geschicht déi Kéier Am Takt. De Mulles huet iwwer d'EP Strong vu Mean To You geschwat an den Thomas vu S.k.o.r. (Some Kind Of Rock) war bäigeschalt fir den Album Echo Chamber ze presentéieren.

13/12/2021 Am Takt: Mean To You & S.k.o.r.
RTL

A béide Fall huet d'Resultat laang op sech waarde gelooss. De Marc "Mulles" Muller hat Mean To You als Grupp gegrënnt, dat war 2013, ma well déi eenzel Membere musikalesch net méi an déi selwecht Richtung gekuckt hunn, war no 3 Joer Schluss. De Mulles huet Mean To You um Liewe gehalen, och wann dertëscht mol d'Virléift vun de Synthesizer d'Iwwerhand geholl hat. D'EP Strong ass elo endlech do; iwwer de kreative Prozess a wat nach an Zukunft vum Mulles z'erwaarden ass, héiert dir alles am Interview.

Déi 2. Gäscht lauschteren also op den Numm S.k.o.r..

RTL

Den Thomas, Sänger zënter 2017 bei der Band, huet haut ënner anerem erkläert datt och hiren Album, Echo Chamber, vill ze laang op sech waarde gelooss huet. Duerch d'Pandemie war et net méiglech d'Opnamen esou duerch ze zéie wéi ee sech dat deemools virgestallt hat. Wéi och ëmmer, d'Plack ass elo do an dat ass och gutt sou.

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)

Fir dëst Joer ass Schluss; Merry Happy New Christmas Year a bis 2022