Happy New Year. Am Takt ass erëm do, wéi gewinnt Méindes tëscht 20:00 an 21:00 um Radio an duerno op RTL PLAY oder als Podcast. Dat neit Joer fänke mir mat Blues vu Ramblin' South an neie Stécker vum Maale Gars, Quantum Dot an Nicool un.

03/01/2021 Am Takt: Ramblin' South
RTL

De Marco Cardoni vu Ramblin' South war am éischten Episod vum Joer bäigeschalt fir d'Grupp Ramblin' South virzestellen, eng Presentatioun déi scho laang iwwerfälleg ass, well d'Grupp huet 2019 hei zu Lëtzebuerg e Blues-Contest gewonnen a sech domat fir de European Blues qualifizéiert. Wéinst Corona ass awer bis haut näischt aus där Aventure ginn, wat sech awer elo am Mäerz zu Malmö ännere kéint. A wien d'Grupp elo scho Live kucke wëllt, brauch sech just hir Rocklab Live Session eranzezéien.

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)