An der 2. Sendung vum Joer war e Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch invitéiert, et gouf nei Musek vum Oke a vum WazToo an e Concertstipp fir de 14. Januar war och dobäi.

10/01/2022 Am Takt: Melvyn Schartz

De Melvyn Schartz huet 17 Joer, ass op der 3iéme am Lycée Aline Mayrisch an ass duerch de Pappa (Stay Tuned) relativ séier bei der Musek gelant. Mat 8-9 Joer huet hien op d'Tromm geschloen, am Alter vu 14 Joer huet hie sech selwer bäibruecht wéi ee Piano spillt a viru ronn 3 Méint huet hie säin éischt Lidd Help Me Home geschriwwen. De Rescht vum Melvyn senger Geschicht héiert dir am Interview.

A wat ass soss nach vu Musek gelaf an dësem Episod? (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)

An um Wupp nach en Tipp fir e flotte Concert e Freiden zu Diddeleng OpderSchmelz

RTL