Dëse Freide kënnt den 3. Album vum Lata Gouveia eraus. Eigentlech sollt dat e Samschde mat engem Concert an der Rockhal gefeiert ginn, wéinst der sanitärer Kris muss ee sech awer weider op e Live-Optrëtt vum Lata gedëllegen

17/01/2022 Am Takt: Lata Gouveia
RTL

Dat sollt awer net verhënnere fir e puer Wierder mam Museker iwwer seng nei Plack Stay The Same ze wiesselen, ze schwätze gouf et genuch. Zum Beispill datt de Lata e Samschden den Owend um 21:30 op sengem Youtube-Kanal eng Zort Release-Concert mécht, datt et seng eege Schold ass datt de Release-Concert net awer schonn am September d'lescht Joer war an datt hien och op sengem 3. Album senger Linn trei bleift.

An hei d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)