De leschte Weekend huet d'Grupp White Noise déi éischt vun zwou EPen dëst Joer erausbruecht. De Jim Marson huet déi jonk Grupp virgestallt an ënner anerem erkläert datt wuel Alternative Rock vun hinnen z'erwaarden ass an awer ganz vill Aflëss an hirer Musek ze fanne sinn.

24/01/2022 Am Takt: White Noise
RTL

D'Geschicht vu White Noise huet virun ongeféier 5 Joer ugefaangen, bis den Line-Up awer sou ass wéi en elo ass, gouf vill probéiert an ausgetosch. Déi Adaptatioune schéngen hir Friichten ze droen, well am Wanter huet White Noise déi 2. Plaz beim Newcomer-Contest Rock The South beluecht an domat en Optrëtt beim On Stéitsch geséchert. De Rescht vun hirer Geschicht héiert dir am Interview.

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)