No engem kuerze Covid-Break ass d'Sendung ronderëm d'Lëtzebuerger Musek zeréck. Dës Kéier mam Serge Tonnar deen zesumme mam Georges Urwald eng Rëtsch Lidder aus dem 19. Joerhonnert nei interpretéiert huet.

07/02/2022 Am Takt: Serge Tonnar
RTL

De Projet Aus der Heemecht war eigentlech scho laang prett fir virgestallt ze ginn, ma och hei huet de Virus en anere Verlaf erzwongen. Souzesoen de ganze Mount Februar hunn déi 2 Kënschtler hir Zelter zu Gréiwemaacher opgeschloen, fir do am Stued Theater déi nei Plack Aus der Heemecht Live ze presentéieren. Wéi ass et zu där Zesummenaarbecht komm? Firwat grad déi Lidder an ass dat doten den Ufank vun enger Serie villäicht? D'Äntwerten huet de Serge Tonnar Am Takt ginn.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)