Dës Kéier leider ouni musikalesche Gaascht, duerfir awer vill, ganz vill nei Musek. Vun A bis Alfalfa, den Duo Charel Geimer/Bert Jung, iwwer d'Naomi Ayé, 14 Joer jonk, Porn Queen, d'Grupp ronderëm de Fred Barreto, de Maale Gars, mat engem Concert am Abrëll bis bei dem Eric Durrer säi Projet Choco y sus Complices. Also vill nei Musek ;)

Hei dann d'Lëscht vun de Lidder déi dës Kéier Am Takt waren (sou wéi se op dëser Plattform disponibel sinn)