Den 22. Februar ass déi 2. Staffel Capitani ugelaf. Wie bei der Première dobäi war huet dann och d'Lidd Haass an den Aen vum T The Boss héieren. E Lidd vun Erfarungen déi de Rafael Possing op der Stater Gare gemaach huet, hie selwer ass op der Gare grouss ginn (ech sinn e Garer-Jong) a wat eigentlech schonn 10 Joer al ass.

28/02/2022 Am Takt: T The Boss
RTL

Dowéinst huet sech de Rafael geduecht eng remastered Versioun erauszebréngen an e Video ass och an der Maach.

A punkto Kachen, de Rafael hat bis 2020 zesumme mat sengem Brudder e Restaurant an der Stad, ass et bësse méi roueg ginn, sou kann hie sech méi op d'Musek konzentréieren, respektiv Concerte spillen, en nächsten Optrëtt huet den T The Boss den 19. Mäerz am MK Bar um Belval. De Rescht gitt dir am Interview gewuer.

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)