Double Date fir déi éischt Sendung am Mäerz. Den Anselme Pau huet laang u sengem Album gedoktert, d'Plack ass elo endlech do an den John Rech freet sech op déi nei Saison a punkto Concerten, ënner anerem mat engem Zeltik dee säi 25. feiert a mat enger Rëtsch intressante Rendezvousen, ënner anerem och am Kader vun Esch2022.

07/03/2022 Am Takt: Anselme Pau & John Rech
RTL

© 2 Lane Records

Den Anselme Pau hat u sech wëlles eng Zort Online-Plack ze maachen, dat ass och zum Deel dobäi bliwwen, allerdéngs passt den Numm Band of Strangers, sou heescht den neien Album, wéi d'Fauscht op d'Aen. Lauter Leit déi sech nach ni begéint sinn a Musek zesummen ophuelen, ongeféier sou kann een d'Wierk resuméieren. Och um musikalesche Plang wollt den Anselme seng ganz Panoplie weisen an huet sech net nëmmen op ee Genre beschränkt, och wann d'Leit vum Marketing net sou richteg begeeschtert sinn.

RTL

Den John Rech, T42, Dreamcatcher, war net bäigeschalt fir nei Musek ze schwätzen, un där gëtt awer gedoktert, mä fir allgemeng iwwer d'Programmatioun vun Opderschmelz vun dësem Joer ze diskutéieren. Den Zeltik feiert dëst Joer e véierels Joerhonnert, well et nach ëmmer Annulatiounen, säitens de Gruppen, ginn, huet ee sech decidéiert fir elo dëse Weekend awer och den Dag no der Fête de la Musique ze feieren, den 19. Juni Open Air a mat gratis Entrée. Aner Stéchwierder waren Esch2022, Usina an natierlech d'Fête de la Mussique.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)