Eng jonk Band déi sech gutt Zäit geholl fir hire Sound ze raffinéieren, hir Texter handele vun Depressioun, negativ Léift an ënner anerem Isolatioun; dës Kéier war et un Deep Dive Culture Am Takt.

14/03/2022 Am Takt: Deep Dive Culture
RTL

Deep Dive Culture ass eng Alternative Rock Band, déi sech d'lescht Joer  public gemaach huet; d'Bedeitung hannert dem Numm ass einfach: se vergläichen den Ozean mat der Psyche vum Mënsch, jee méi déif een taucht, desto méi däischter Saache fënnt een.

An hirer éischter Single Crumbling geet drëms datt ee wéinst sengen eegenen Problemer ënnerlech zerfält. De Protagonist drénkt
fir ze vergiessen datt déi Persoun déi hie gär op senger Säit hätt, net fir hien do ass, an doduerch verfält hien ëmmer méi an en déift Lach aus deem et schwéier ass eraus ze kommen.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)