Major Evest hu sech op de Fändel geschriwwe fir Genrë mateneen ze verschmëlzen. De lëtzebuergeschen Duo bleift senger Linn och beim 3. Album, Into The Blue, trei, deen d'lescht Joer am November erauskomm ass.

21/03/2022 Am Takt: Major Evest
RTL

Den Jorma, aka Ninor, an den DJ Scorpion sinn dësen Duo Major Evest, déi bei dësem 3. Album op EDM (Electronic Dance Music) a Blues, Country a Gospel setzen.

RTL

Wéi Major Evest op hir Iddie kommen a wéi se dat dann a Musek ëmsetzen, huet den Jorma Am Takt erkläert.

Donieft goufen et an dësem Episod och nei Musek vum Maz, Daniel Balthasar, Go By Brooks an Tëschegas.

A wat ass soss nach sou gelaf? Hei d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)