Upside Down heescht déi nei EP vum Maz déi elo am Abrëll erauskënnt. Grond genuch fir de Rapper an d'Sendung ze ruffen.

28/03/2022 Am Takt: Maz
RTL

Et ass eng däischter EP déi de Rapper opgeholl huet, entstane wärend enger Zäit wou et him alles anescht wéi gutt gaangen ass. Ma et ass net nëmmen vun Upside Down geschwat ginn, d'WG mam Chaild zu Bréissel war och en Thema grad ewéi de Maztival de 7. Mee zu Recken op der Mess.

Nieft dem Maz war an dësem Episod och nei Musek vum Edsun, Pleasing a vum Maale Gars ze héieren.

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dëser Kéier (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn