Am Takt is back. Et gëtt e gudde Grond firwat et déi lescht Zäit e bësse méi roueg ronderëm den Edsun war. De Sänger, Dänzer a Performer huet sech ganz vill Zäit geholl fir eng grouss Show op d'Been ze stellen. Vum Resultat kënnt dir iech de 6. Mee an de Club vun der Rockhal iwwerzeege goen.

25/04/2022 Am Takt: Edsun
RTL

Eng Show déi ënner anerem Resultat vun de Luxembourg Music Awards vu viru 4 Joer ass, do hat den Edsun an der Kategorie Artist Of The Year gewonnen. Wat hien déi lescht Zäit alles gemaach huet, wéi akribesch hien d'Show an der Rockhal virbereet huet a wéi et an Zukunft mat senger Musek ausgesäit, huet hien Am Takt (mol méi mol manner ;)) verroden.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)