Déi jonk Sängerin Carmen Defay, och bekannt ënnert dem Kënschtlernumm "Carmen Angela" huet ausgangs lescht Joer bei der Ouverture vum kulturellen Tiers-Lieu Bâtiment4 e bleiwenden Androck beim Publikum hannerlooss. Knapp 6 Méint méi spéit mellt si sech elo zeréck mat hirer éischter EP „Backup Life“. D’Valeria Wiwinius hat sech mam Carmen getraff a mat him iwwer dëse Meilesteen a senger Karriär geschwat.

16/05/2022 Am Takt: Carmen Angela

Leschten Dezember gouf den Tiers-Lieu Bâtiment4 zu Esch inauguréiert. Dat war awer net nëmme fir d’Organisateuren an d’Kënschtler, déi hei hiren Atelier opgeriicht hunn, e grousse Moment, mä och fir all déi Jonk déi mam Hariko zesummen e kollektive Concert op d’Been gestalt hunn. Ënnert hinne war och d’Carmen Defay, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm "Carmen Angela".

Niewend engem Cover vum Adèle hat d’Carmen och säin eegent Lidd „Crown“ gesongen an dat koum elo als Deel vu senger éischter EP "Backup Life" eraus. Dës besteet aus 4 Lidder, wourënner dann engersäits „Crown“ ass, awer och „Backup Crush“, „Traitor“ an dem Carmen säi Favorit – „Life is better when time moves faster“. Wéi vill Museker, inspiréiert och d’Carmen sech vu perséinlechen Erliefnesser fir seng Lidder ze schreiwen. Dës EP wier en Assemblement vu senge beschte Lidder bis dato, sou déi 16 Joer jonk Schülerin.

Mat 4 Joer ass déi gebierteg Franséisin vu Grenoble mat hiren Elteren op Cambridge an England geplënnert. Hei huet si déi nächst Jore verbruecht befiert d‘Famill sech du virun 8 Joer zu Lëtzebuerg installéiert huet. Seng Lidder schreift d’Carmen prinzipiell awer nëmmen op Englesch.

Obschonns seng EP eréischt virun e puer Wochen erauskoum, schafft d’Carmen elo schonn u senger nächster EP. Mir bleiwen also net allze laang am Dréchenen.