Do war nawell eng lass Am Takt. Go by Brooks presentéieren e Freiden zu Diddeleng am Centre Culturel Opderschmelz hiren neien Album This Is Her War. De Corbi geet et Samschden an d'Rotondes seng nei Plack Kuebemania virstellen an de Mike Welter huet a senger Pensioun erëm Zäit fonnt fir Musek ze maachen.

16/05/2022 Am Takt: Go By Brooks, Corbi, Dj Mike Mc

D'Laetitia an de Rescht vu Go by Brooks hu sech fir déi nei Plack gutt Zäit gelooss, wat eng Schwangerschaft an eng weltwäit Pandemie alles sou fäerdegbréngen, et ass vill un den Detailer geschafft ginn, Demoe goufen ëmmer nees gelauschtert fir net awer nach eppes Klenges z'änneren. This Is Her War ass elo an der Këscht a gëtt also e Freiden zu Diddeleng Live virgestallt.

16/05/2022 Am Takt: Go By Brooks

Ma och de Corbi huet bei sengem neie Wierk net op d'Auer oder den Datum gekuckt, Kuebemania ass wärend de leschten 3, 4 Joer entstanen. D'Resultat; e straighten Hip Hop-Album, sou de Corbi am Interview, leider mat enger lädéierter Stëmm (gutt Besserung a versuerg dech) an deem hien ënner anerem erkläert wat et mam Sproch Gëff der Geess Fudder op sech huet.

16/05/2022 Am Takt: Corbi

Gaascht Nummer 3 war de Mike Welter deen an der Zäit ënnert dem Kënschtlernumm DJ Mike MC Musek produzéiert huet an och vill opgeluecht huet. Elo an der Pensioun geet dat alles e Strapp méi lues, ma déi traureg Ëmstänn am Oste vun Europa, de Krich an der Ukrain, hunn de Mike motivéiert fir Suen ze sammelen a sech erëm un d'Produzéieren ze ginn.

16/05/2022 Am Takt: Mike Welter

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)