Och dës Kéier volle Programm. De Paul Fox mat sengem mëttlerweil 3. Projet The Minor Majors, den Atomic Rocket Seeders a Moof déi dëst Joer 30 Joer al ginn.

23/05/2022 Am Takt: The Minor Majors, Atomic Rocket Seeders & Moof
RTL

Um Like a Jazz Machine Festival zu Diddeleng hunn The Minor Majors hiren Debutalbum Try virgestallt. De Mann dee mat der Iddi komm ass déi Grupp an d'Liewen ze ruffen, lauschtert op den Numm Paul Fox. Zesumme mam Jitz Jeitz, Georges Soyka, Arthur Possing a Laurent Peckels huet de Projet an de leschte Méint Formen ugeholl, e Projet dee sech virun allem um Jazz aus de 1950er Joer inspiréiert.

23/05/2022 Am Takt: The Minor Majors
RTL

D’Atomic Rocket Seeders sinn en Trio deen et zwar schonn zanter 2018 gëtt, ma sou richteg lassgeluecht hu si awer réischt virun 2 Joer. Do koum nämlech hiren éischten Album eraus.

D‘Valeria Wiwinius huet mam Tap, dem Sänger, Gittarist an Grënnungsmembere vun der Band, iwwer hire Parcours geschwat a gekuckt wat fir de Rescht vum Joer bei hinnen nach um Programm steet.

23/05/2022 Am Takt: Atomic Rocket Seeders
RTL

An einfach net vreckt ze kréie si Moof. 30 Joer ginn dëst Joer gefeiert, dat mat Concerten, neier Musek an och e puer Videoen, grad wéi dem Moofest am Dezember an der Rockhal. De Lex huet de Gebuertsdagskuch ugeschnidden.

23/05/2022 Am Takt: Moof

An dann nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)