Eng Zort Supergroup kéint een d'Grupp Superdrive nennen, ëmmerhi sinn hei Membere vu bekannte Lëtzebuerger Gruppe vertruede wéi Surf Cowboys a Michael Sheperd Band. A wéi den Zoufall et wëllt, Superdrive kruten op de leschte Stëppel nach eng Plaz um Mad Ones Fest dëse Weekend an der Kulturfabrik, dat war de Menü Am Takt.

30/05/2022 Am Takt: Superdrive & Mad Ones Fest
RTL

Superdrive; dat sinn de Baba Pintsch, de Steve Schmit an de Louis Wright. Alles Nimm déi ee schonn emol an der lokaler Musekszeen héieren huet; Gruppe wéi Surf Cowboys a Michael Sheperd Band missten dach awer e Begrëff sinn. Déi 3 Museker hu sech also zesumme gedoe fir e Power-Rock-Trio ze grënnen, eppes wat de Louis scho länger um Radar hat, apropos laang; och bei Superdrive huet deen ee Virus (net deen Neie mat de Pouken) dee berüümte Stréch duerch (wéi eng Rechnung och ëmmer) Rechnung gemaach. Gut Ding will Weile haben, soe se an Däitschland, elo ass Superdrive prett, Mëtt Juni kënnt d'Plack an éischt Concerte sinn och scho geplangt.

30/05/2022 Am Takt: Superdrive
RTL

Dëse Weekend ass an der Kulturfabrik zu Esch eng méi lass. No zwee Joer Waardezäit gëtt hei nämlech déi éischt Editioun vum Punk-Rock Festival „Mad Ones Fest“ ofgehalen. Organiséiert gëtt dee vun enger vun de bekanntste Lëtzebuerg Punk-Rock Band, Versus You. Wat eis do genau erwaart a wéi et zu deem Festival komm ass, weess d'Valeria Wiwinius.

30/05/2022 Am Takt: Mad Ones Fest

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)