Viru 40 Joer war e Concert vun der Robert Stephen Band am Melusina. Wie sech e bësse mat der lokaler Zeen auskennt, weess datt et sech hei ëm de Gollo Steffen handelt. Well d'Grupp der Meenung ass datt dee Gebuertsdag gefeiert soll ginn, verwandelt sech d'Mierscher Kulturhaus de 24. a 25. Juni an eng Zäitmaschinn.

13/06/2022 Am Takt: Gollo Steffen & Roger Hamen
RTL

© Robert Stephen Band

De Gollo Steffen an de Roger Hamen waren Am Takt fir natierlech iwwer déi 2 Concerten ze schwätzen, hunn awer och iwwer deemools geschwat, woubäi d'Erënnerungen un de Concert am Melusina viru 40 Joer zimmlech dréif waren. Op alle Fall weess ee wat de Gollo deemools geleescht huet, zum Beispill ass Ka Komme Wat Wëllt, mat deen éischten Album mat Rocklidder op Lëtzebuergesch. Ob déi 4, Gollo, Roger, Mil a Michel, et och nach 40 Joer duerno drop hunn, kënnt dir, zesumme mat e puer Iwwerraschungsgäscht de Weekend vum 24. a 25. Juni an d'Mierscher Kulturhaus kucke goen.

An hei nach d'Lëscht vun de Lidder vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn