Hannert dem Projet The Gazmen verstoppt sech virun allem de Joël Heyard an de Jeff Herr (allen 2 Batteur aus Leidenschaft). Wann déi 2 dann opdréinen, muss fréier oder spéider och e Sänger oder eng Sängerin op de Plang geruff ginn. Fir déi éischt Publikatioune vun The Gazmen huet een zum Beispill dacks de Lata Gouveia héieren. Ma elo fir de Kultursummer zu Hesper gëtt nach eng Schëpp drop geluecht. The Gazmen invitéieren op de Rock am Park, net nëmme virun d'Bün mä och op d'Bün.

27/06/2022 Am Takt: Joel Heyard

Vid

The Gazmen & Friends seet eigentlech genuch. E Freide versammele sech e ganze Koup Museker zu Hesper am Park fir en ofwiesslungsräiche Programm ronderëm de Joël Heyard an de Jeff Herr. De Joël huet sech e puer Minutten Zäit geholl fir eng Kéier duerch de Programm e Freiden ze goen.

De ganze Programm vum Hesper Kultursummer gëtt et

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze fanne sinn)