Leschten Episod virum Summer; awer volle Programm. Den Dave Schmit an de Maji waren op Besuch, den Dave fir iwwer säin neie Projet Exit Fury an de Maji fir iwwert den Eastcoast Festival ze schwätzen.

11/07/2022 Am Takt: Exit Fury & Eastcoast Festival
RTL

Eigentlech hätt sech Exit Fury schonn de leschte Weekend an der Schungfabrick zu Téiteng Live weise sollen, Corona hat dee Concert awer och um Radar a sou gouf de Gig a leschter Sekonn ofgesot. Good News; den 30. Juli gëtt de Concert op der selwechter Plaz, mat de selwechte Gruppen (Exit Fury, Atomic Rocket Seeders, Pleasing) nogeholl. Am Gespréich erkläert den Dave wéi et zu Exit Fury komm ass a wat deen anere Projet Dontnod dann elo mécht.

RTL

Mam Maji ass et op Mäertert gaange wou e Freiden dann endlech erëm den Eastcoast Festival organiséiert gëtt. Fräien Entrée fir ënner anerem The Ferocious Few, Versus You, Stayfou a Swiss und die Andern vun Hamburg Live ze gesinn.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op där Plattform disponibel sinn)