Et ass och Rentrée fir Am Takt. Nei dës Saison; d'Sendung mat 100 Prozent Musek vun Heiheem kënnt vun elo u schonn ëm 19:00. Um Format huet sech näischt geännert; national Kënschtler komme sech an hir Musek bei de Bob virstellen. Ugefaange mam Marc Welter dee mat senger Joint Bunch an der Rockhal säin éischten Album virstellt, dem Amii Watson dat den Ament a Kroatien un neier Musek schafft a mam Sacha Hanlet deen akutell eng 3 Joer laang Residenz an der Kulturfabrik huet.

12/09/2022 Am Takt: Marc Welter, Amii Watson & Them Lights
RTL

Eigentlech ass de Marc Welter scho ganz laang der Musek verschriwwen an hat och an den 80er eng Single op de Marché bruecht. Am Takt erzielt de Museker an Entrepreneur firwat et sou laang gedauert huet fir en Album ze maachen, wéi een iwwer 30 Museker motivéiert fir bei sou engem Projet matzemaachen a wéi sech de Release den 13. September an der Rockhal presentéiert.

12/09/2022 Am Takt: Marc Welter
RTL

D'Amii Watson huet sech virun engem décke Mount aus dem Stëbs gemaach. Net well et der Artistin net hei zu Lëtzebuerg gefält, mä et war no der Pandemie (déi jo nach iergendwéi do ass) eng Aart Flucht fir op aner Gedanken ze kommen, Gedanken déi d'Amii zesumme mam Jimmi Harvey och a Musek ëmsetzt. Ufank September huet d'Amii Watson op engem kolumbianesche Label d'Lidd Reconnect erausbruecht, d'Lidd ass vun engem kolumbianesche Produzent, d'Lyrics vum Amii. Wou d'Rees no Kroatien, wou d'Amii an den Jimmi grad sinn, duerno weidergeet huet d'Artistin am Interview erkläert.

12/09/2022 Am Takt: Amii Watson

Ufank August huet de Sacha Hanlet seng neiste Single „What counts“ erausbruecht. E Lidd un deem hien och scho geschafft huet wéi mir virun engem Joer bei him op Besuch waren. D’Waarden huet sech awer definitiv gelount.  „What Counts“ ass awer nëmmen den Ufank vun enger ganzer Partie Releasen, déi eis an de kommende Méint erwaarden. Geplangt ass, dass all Mount een neit Lidd erauskënnt an ufanks vum nächste Joer soll dann déi ganz EP op de Marché kommen.

RTL

Niewent de Releasen, notzt de Sacha seng Residenz och fir u senger Live-Show ze schaffen an den éischten Abléck dorop kréie mir de 5.November, wann hie seng éischt Performance an der Kulturfabrik huet. Duerno soll et dann op Tour goen. Detailer sinn nach keng bekannt. Ma e puer Plazen a Saachen ginn et do awer schonn, déi de Sacha géifen interesséieren, ewéi zum Beispill Paräis, Hamburg, Berlin oder och Festivaller uechter Europa. Seng Residenz an der Kulturfabrik leeft am Ganzen iwwer dräi Joer. Ee Joer huet de Sacha Hanlet elo schonn hannert sech – zwee gutt gepaakte Joer sinn nach virun him.

12/09/2022 Am Takt: THEMLIGHTS

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidder op där Plattform disponibel sinn)