E Samschden (24/09/2022) feieren d'Dëppegéisser endlech Gebuertsdag an de Mike Welter, DJ Mike MC, zitt de Bilan vu senger Aktioun fir de gudden Zweck. D'Fro stellt sech wéi vill Joer d'Dëppegéisser eigentlech feieren a wat de Mike nach alles sou wëlles huet. D'Äntwerte gouf et Am Takt.

19/09/2022 Am Takt: Dëppegéisser & DJ Mike MC
RTL

Dat mam Gebuertsdag vun den Dëppegéisser ass net grad sou einfach; eegenen Aussoen no hätt de Concert an der Philharmonie scho virun 2 Joer gespillt solle ginn. Aus eis alleguer bekannte Grënn ass et deemools awer net zu deem Concert komm, dee Moment hat ee sech op de 15. Gebuertsdag virbereet, dorausser ass awer 2 Joer méi spéit de 15. + 1. Gebuertsdag ginn, mä sou ganz genee huelen de Gig an de Misch dat dann awer net, si waren allen 2 Am Takt an hunn iwwert de Programm e Samschden am groussen Auditoire gebraddelt.

19/09/2022 Am Takt: Dëppegéisser
RTL

De Mike Welter war schonn am Mee als Gaascht an der Sendung ronderëm d'Lëtzebuerger Musek; viru gutt 4 Méint hat den DJ a Produzent d'Lidd Dance Forever # Make Music Not War virgestallt, mat deem de Mike Sue fir d'Affer vum Ukrain-Krich sammele wollt. Haut (19/09/2022) war d'Scheckiwwerreechung, 650 Euro goufe gesammelt, all Cent zielt. Donieft huet de Mike vun der Situatioun profitéiert a seng nei Single Baila Conmigo # dancewithme Am Takt presentéiert déi haut offiziell erauskomm ass.

RTL
19/09/2022 Am Takt: DJ Mike MC

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)