Fir den Episod vum 26. September hat sech d'Kinga Rose ugemellt. Eng Sängerin a Pianistin déi an Ungarn op d'Welt komm ass an no ville Reesen hir Zelter am Grand-Duché opgeschloen huet. Ufanks dës Joers ass den Debutalbum Vision erauskomm, de Release Concert ass fir de Samschde programméiert. De Sam Reinard, lokal Kënschtler kënne mat Sécherheet eppes mat deem Numm ufänken, produzéiert Musek ënnert dem Numm Ryvage an huet de leschte Samschde säi Projet Nightsongs virgestallt, bei deem hie sech mat Geräischer aus der Nuecht ausernee gesat huet.

26/09/2022 Am Takt: Kinga Rose & Ryvage
RTL

No ville Reesen huet fir d'Kinga Rose eng nei Etapp hei zu Lëtzebuerg ugefaangen. Déi gebierteg Ungarin nennt elo de Grand-Duché hier Heemecht, do virdrun huet d'Kinga ënner anerem zu Barcelona gelieft. Elo ass d'Kinga Mamma a produzéiert Musek vu Lëtzebuerg ass. An de leschte Méint ass den Debutalbum Vision entstanen, deen elo e Samschde Live virgestallt gëtt. Am Interview erkläert d'Kinga wéi de Wee op Lëtzebuerg zestane komm ass a wéi eng Visiounen um Album verschafft goufen.

26/09/2022 Am Takt: Kinga Rose
RTL

© Emile Hengen

Nuetsgeräischer vun der Stolindustrie zu Esch. Dat war den Unhaltspunkt vum Samuel Reinard, och bekannt als Ryvage, wéi hien virun e puer Joer säi Projet „Nightsongs“ an d’Liewe geruff huet. Dëse gëtt elo am Kader vun Esch2022 verëffentlecht. Leschte Samschde konnt een dat Ganzt live an der Kulturfabrik zu Esch materliewen. D’Valeria Wiwinius huet sech iwwer de Projet informéiert.

26/09/2022 Am Takt: Projet "NIGHTSONGS"

De Samuel Reinard ass e gebiertegen Escher. Deemno ass hie mat de Geräischer vun der Stolindustrie opgewuess an hunn hie staark influenzéiert. Selwer ass him dat awer net opgefall bis Leit aus sengem Ëmfeld hien dorop opmierksam gemaach hunn, dass seng Musek en immens „industriellen“ a „melancholesche“ Klang hätt. Dat huet him dunn d'Iddi ginn, d'Geräischer vun der Stolindustrie wärend der Nuecht anzefänken an e Projet do ronderëm ze bauen.

"Ech hu festgestallt, dass engem an der Nuecht déi Geräischer méi opfalen", sou de Museker. "Wann d'Stad bis zur Rou komm ass an d'Fënster op ass, dann héiert een an der Distanz déi Geräischer vun de Walzstroossen, "ponds roulants" a sou weider. Dat bewunnt da souzesoen d'Atmosphär a gëtt der Nuecht eng spezifesch Touche. D'Nuecht ass och deen Ament wou ee villäicht méi nolauschtert, manner gereizt ass vun all deene Saachen déi ronderëm passéieren. Et ass eng gewëssen Introspektioun dran."

Am Ganzen ëmfaasst de Projet 14 Kompositiounen an eng Rëtsch musikalesch an textlech Extraiten déi ee bei engem Spadséiergang iwwer de Site vum Belval iwwer eng App lauschtere kann. Jee nodeems wou ee sech grad befënnt, ginn da verschidde Saachen ofgespillt. Elo erwaart eis nach eng Konschtinstallatioun a leschte Samschde koum de Vinyl mat 9 Stécker eraus, deen een um Concert an der Kulturfabrik konnt kafen.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)