Wat soll et da sinn? Rock? Oder léiwer Metal mat e bëssen Hardcore? Oder einfach déi 2? Passt! Zwou Bands waren op Besuch fir sech an hir Musek virzestellen. Op där enger Säit De La Mancha, déi awer net ëmmer sou geheescht hunn, an op där anerer Säit Blanket Hill, déi den 21. Oktober hiren Debutalbum The Courage of Hopelessness an der Schungfabrick virstellen.

10/10/2022 Am Takt: De La Mancha & Blanket Hill
RTL

Wéi d'Band sech virun 11 Joer forméiert huet, hat ee sech fir The Sacred Numbers entscheet. Am Laf vun de Joren duerno, an och deels neie Gesiichter an der Grupp, ass aus The Sacred Numbers de Projet De La Mancha ginn. An 11 Joer kënnt natierlech vill Musek zesummen, allerdéngs huet et bis dëst Joer gedauert fir en éischten Album ze publizéieren, deen dann elo ënnert dem Numm Scanning The Horizon disponibel ass.

RTL

Bei Blanket Hill ass net grad sou vill Zäit virum éischten Album vergaangen; d'Grupp gëtt et zënter 2015 an huet an deene leschte 7 Joer vill Kontakter am Ausland geknäppt an och e Koup Concerten ausserhalb vum Grand-Duché gespillt.

Hiren Debutalbum The Courage of Hoplessness kënnt ënnert engem brittesche Label eraus, an nom Concert an der Schungfabrick stinn alt erëm eng Rei Optrëtter a Groussbritannien um Programm. A wéi ee bei Blanket Hill op den #metalasskengmusek reagéiert huet, ass och gekläert ginn.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)