Double-Date; net nëmmen den Owend Am Takt, mä och nach e Samschden eng Kéier. One Last Time bréngen dës Woch hir éischt EP eraus an e Samschde stelle se déi och nach Live am Rocas an der Stad vir. De Serge Tonnar huet sech déi lescht 2 Joer sou seng Gedanke gemaach an dorausser den Album Jo an Amen an d'Liewe geruff, och déi Plack ass fäerdeg a gëtt och e Samschden, awer an der Kulturfabrik zu Esch, presentéiert.

17/10/2022 Am Takt: One Last Time & Serge Tonnar
RTL

Bei One Last Time ginn et eng Rëtsch bekannte Gesiichter; ënner anerem den Andrea deen een duerch A-Drew oder Diario kennt, ma och déi aner Museker hu schonn an diverse Projete matgewierkt.

Wat dem Andrea seng Frëndin mat der Band ze dinn huet, wéi gutt den Tom an den Andrea sech verstinn a wéi een awer nach villäicht un en Ticket fir den ausverkaafte Concert am Rocas kënnt, gouf ënner anerem Am Takt beschwat.

17/10/2022 Am Takt: One Last Time RADIO
RTL

De Serge Tonnar, muss een de Liddermécher nach virstellen? (ech denken net), huet wärend der Pandemie senger Kreativitéit fräie Laf gelooss a sech vun den Ëmstänn inspiréiere gelooss fir nei Texter a Lidder ze schreiwen. D'Resultat heescht Jo an Amen a gëtt dëse Samschden an der Kufa zu Esch dem Public Live virgedroen.

Vu wiem de Serge e Samschde begleet gëtt, firwat de Mouvéco eppes mat engem vun de Lidder ze dinn huet a wéi dem Serge seng Erfarung an der Kierch zu Randschelt war, huet de Museker alles Am Takt erkläert.

17/10/2022 Am Takt: Serge Tonnar RADIO

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder .... lalala dir wësst schonn)