Dësen Donneschden (27/10/2022) ass The Floor an der Rockhal fir My Own Ghost reservéiert. Nodeems den Album Shadow People Mëtt dës Mounts offiziell erauskomm ass, gëtt et Zäit dat 3. Wierk vun de Lëtzebuerger och Live ze presentéieren.

24/10/2022 Am Takt: My Own Ghost
RTL

Kuerz virun der Pandemie ware My Own Ghost nach mat The Calling op Tour, hunn dunn, grad ewéi déi meescht aner Kënschtler och, e bëssen ëmdisponéiert a sech op nei Musek konzentréiert. Eegenen Aussoen no, hätt ee sech wärend där Zäit nach méi fonnt. D'Resultat heescht also Shadow People a moolt nawell en däischtert Bild. De Rescht hunn d'Julie an den David vu My Own Ghost Am Takt verroden.

RTL

A wann dir nach méi vu My Own Ghost wësse wëllt

An zum Schluss nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder lalala disponibel an esou)

Spoiler Alert: d'nächst Woch ass de Buttek zou, bis de 7. November.