Ganz intressant wat d'Kaz den Owend virun d'Dier geluecht huet; instrumentale Post- respektiv Mathrock (ouni sech awer elo op eng Richtung ze fokusséieren) vun The Cookie Jar Complot, et gëtt eng nei Serie ronderëm d'DJen zu Lëtzebuerg ugefaangen, den T The Boss bréngt Enn dës Mounts eng nei EP eraus an Herr Bender hu mam Mike Tock geschafft. Wéi huet déi Kaz dat alles gepackt?

07/11/2022 Am Takt: The Cookie Jar Complot & Ariel
RTL

Viru ronn 2 Joer hu sech de Sven Schmeler an de Gilles Glesener zesummegedoen an aus dem Lidd The Cookie Jar Complot, d'Band The Cookie Jar Complot gemaach. Eppes wat direkt opfalen dierft; et séngt keen. The Cookie Jar Complot maachen deemno instrumental Musek. An de leschte Woche sinn direkt 4 Lidder vun hinnen erauskomm, op deenen awer nach vill aner Instrumenter ze héiere sinn. Iwwert déi duebel EPen, ob et e Wonschkandiat(in)e fir Musek mat Gesang gëtt, wou déi nächst Concerte sinn a wéi schwéier oder liicht et ass fir sou Musek ze vermaarten, huet de Sven Am Takt erkläert.

07/11/2022 Am Takt: The Cookie Jar Complot

Nieft den traditionelle Museker ass zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren och d’DJ-Zeen ëmmer méi gewuess. Ma wie sinn d’Leit hannert deene Pseudonymmer? Wéi gesäit hire kreative Prozess aus? A wéi eng Datumer an Eventer soll een net verpassen? Fir dorop z'äntwere stelle mir iech vun dëser Woch un all Méinden Owend een DJ vir, deem säin Numm ee sech sollt verhalen. Dës Woch, geet et lass mam Ariel.

RTL
07/11/2022 Am Takt - DJ Serie: Ariel

Viru gutt 16 Joer ass den Ariel op Lëtzebuerg komm an huet hei elektronesch Musek kenne geléiert. Nëmmen nolauschteren ass dem gebiertege Pol awer op laang Dauer net duergaangen an dunn huet e selwer ugefaangen opzeleeën. Nieft dem DJ’en, organiséiert a promouvéiert den Ariel och vill Evenementer, ënner anerem bei sech am Bar: GoTen. Déi nächst Party fir an de Kalenner ass Sonndes, den 13.November. Hei iwwerhëlt de "Moonshine Kollektiv" de Bar fir d'Nuecht, mat allem wat dozou gehéiert.

Bleift nëmmen nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder tralala)