Do war nawell erëm eng lass Am Takt. De Goerges Goerens huet iwwer déi rezent Tour vu Seed To Tree duerch Däitschland erzielt, dem Maz seng nei Single School Reunioun, déi vun The Tame and The Wild an déi vum Daniel Balthasar, hu Première gefeiert, mir hunn de Samwell kenne geléiert a wëssen och elo wie sech hannert dasRadial verstoppt.

RTL

Seed To Tree huet eng nei Single Rip-Off Game. Ronderëm dee Release war d'Grupp an Däitschland ënnerwee. Wéi et do war, wat an Zukunft nach vu Seed To Tree z'erwaarden ass a wat de Georges Goerens mat sengen 2 anere Projeten nach alles wëlles huet, huet de Georges Am Takt erkläert.

14/11/2022 Am Takt: Seed To Tree
RTL

Do si mir erëm mat eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger DJ-Zeen - dës Woch mat engem besonnesche Gaascht. De Sam Felten, besser bekannt als Samwell, huet sech zanter 2019 eng Reputatioun als DJ hei am Land opgebaut. Ma wärend dem Lockdown am Joer 2020 huet hie sech och hannert d'Produzéiere gesat - an zwar mat Erfolleg.

14/11/2022 Am Takt - DJ Serie: SAMWELL

1.067.650 Mol. Esou dacks gouf "Very Soon" bis dato gelauschtert an dat eleng op Spotify. D'Lidd ass am Mee 2021 erauskomm, a war no senger Debut Single "Take Me Home" an der "Galaxy"-EP, eent vun den éischte Lidder déi den 30 Joer jonken DJ selwer produzéiert huet. "Very Soon" ass, genau wéi "Take Me Home", och a Kollaboratioun mam iresche Sänger J Fitz entstane. Kenne geléiert hunn déi zwee sech online, wéi de Sam no enger Stëmm fir säin Track gesicht huet an op eng Plattform op dem Sänger seng Soul-Stëmm opmierksam ginn ass. Obschonns et gutt ze klappe schéngt, wäert de Genre vum Samwell senge Lidder an Zukunft changéieren an éischter a Richtung "Melodic Techno" goen. Seng neiste Single "Exit", déi de Sam am Oktober erausbruecht huet, gëtt dofir schonn e klenge Virgeschmaach.

RTL

© Shade Cumini

Schockéieren, provozéieren a Problemer beliichten. Dat sinn d’Leitmotiver vum Lëtzebuerger Museker a Schauspiller Max Thommes sengem Solo-Projet „DasRADIAL“.

14/11/2022 Am Takt: DasRADIAL "MIKRO_WELLE"

Lancéiert huet hien et schonn 2019 an den 28.Oktober koum dann och elo eng nei Single eraus: „MIKRO_WELLE“. DasRADIAL. Esou heescht dem Max Thommes säi Solo-Projet deen en 2019 lancéiert huet. Säin aktuellst Lidd koum den 28.Oktober eraus, heescht „MIKRO_WELLE“ a schwätzt vun der Dekadenz vun der Party-Zeen a méi spezifesch, vun Drogen. Seng nei Heemecht Berlin huet de jonke Museker och zimmlech influenzéiert, woubäi et en universelle Problem ass. Allgemeng geet et dem Max drëms seng Konscht als Kommunikatiounsmedium ze nëtze fir iwwer sozial Problemer ze schwätzen an och emol sozial-kritesch ze ginn.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi d'Lidde..... dee Leschte mécht d'Dier zou wann et schifft)