Dës Kéier mat neien Téin vu Rome, Tyra an d'Josh Island; d'Serena Romero huet sech virgestallt; an der Serie ronderëm d'DJen zu Lëtzebuerg ware mir bei Rick&Rough an den Daniel Balthasar hat et an Norwege verschloen.

21/11/2022 Am Takt: Daniel Balthasar, Rick&Rough & Serena Romero
RTL

Wien d'Musek vum Daniel Balthasar e bësse verfollegt, huet bestëmmt scho matkritt datt de Museker ganz gäre ronderëm d'Welt reest fir sech an engem Studio néierzeloossen. Sou huet den Daniel schonn ënner anerem beim Peter Gabriel an de Real World Studios opgeholl, an déi legendär Abbey Road Studios stoungen natierlech och schonn um Programm. Fir déi nei EP, nee keen Album, war et dës Kéier an Norwege gaange mat Burning als éischt Resultat.

RTL

© Véronique Kolber

Dat mat den EPen dierft dann och de roude Fuedem vum Daniel senger neier Musek ginn. Dat an nach méi huet hien Am Takt erkläert.

RTL

© Véronique Kolber

21/11/2022 Am Takt: Daniel Balthasar
RTL

Eng nei Woch, en neien DJ... bezéiungsweis schwätze mir dës Kéier iwwer en DJ-Duo. De Rick Berg a Raphael Maroldt, och bekannt als Rick&Rough, produzéieren Tracks, bei deene gutt Laun garantéiert ass. Zanter 2016 leeë si elo schonn uechter Lëtzebuerg an deelweis och zu Berlin op. Wat et domat op sech huet a wat eis elo deemnächst nach erwaart.

21/11/2022 Am Takt - DJ Serie: Rick&Rough

"A ticket to zoo space". Sou heescht de leschten Album deen den DJ-Duo Rick&Rough 2020 erausbruecht huet. Den Album liwwert genau dat wat den Titel versprécht - vun Afen iwwer Alpakae bis hin zu Waler, kréien d'Déieren emol e klenge "Shout-out". Allgemeng passt den Album gutt bei dat, wat déi zwee verkierpere wëllen. Ugefaangen, zesummen opzeleeën, hunn de Rick a Raph wéi se op Première waren. Deemools ass hire Stil éischter a Richtung kommerziellen Tec-House gaangen an hir Büne waren d'Fräibéieren.

Mat der Zäit huet sech souwuel um Stil ewéi och un de Locations villes geännert, virun allem och wéi de Rick zu Berlin an de Raph zu Wien studéiert hunn. De Faite dass si zu zwee sinn, hu si awer vun Ufank un als Virdeel gesinn. Hautdesdaags sinn hir Tracks éischter eng Mëschung aus UK Garage, Break a Ghetto-Tec - en Trend deen een och op hirer neister EP "Don't Belong" héiert.

RTL

Mat 10 Joer huet d’Serena Romero geléiert Gittar a Piano ze spillen, mat 12 ugefaange seng eege Lidder ze schreiwen, mat 15 huet et säin éischt Lidd erausbruecht an dëst Joer koum seng éischt EP op de Maart. Déi jonk Lëtzebuergerin ass am Gaange sech lues awer sécher an der lokaler Musekszeen z’etabléieren. Dofir wollte mir mat him eng Kéier op säi Parcours bis elo zeréckkucken an eis informéieren, wat dann an noer Zukunft nach alles op eis duerkënnt.

21/11/2022 Am Takt: Serena Romero am Portrait

Dem Serena Romero no, geet seng Musek den Ament a Richtung "Latino Pop". Ma allgemeng hätt de Stil awer iwwer d'Jore fäerm evoluéiert. Dat eenzegt wat d'nämmlecht bliwwen ass, ass dass déi jonk Sängerin sech net op eng Sprooch limitéiere well. Nieft dem Engleschen, schreift a séngt d'Serena nämlech och op Franséisch an a senger Mammesprooch, Spuenesch. Dat konnt een elo och am Juni gesinn, wéi d'Serena seng Debut-EP "Fable" erausbruecht huet.

An da feelt nëmmen nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder....... Hakuna Matata)