Chargéierte Programm fir déi lescht Sendung am November. Herr Bender waren dobäi, grad ewéi den Nosi mat senger neier Single, de Pascal Dechmann war sech erëm dem Sonna Rele seng Stëmm op London fänken, de Misoley stoung och an der Vitrinn an den T The Boss huet eng nei EP dobaussen.

28/11/2022 Am Takt: Herr Weber, Nosi, Pascal Dechmann, Misoley & T The Boss
RTL

Déi 2 Jazz-Museker (ënner anerem Jazz) Jeff Herr a Maxime Bender hu mam Projet Herr Bender de Lien tëscht dem Jazz a Pop gemaach. Am Laf vun de leschte Méint si Lidder mam Edsun, Them Lights an elo ganz rezent mam Mick Tock entstanen. Eng 4. Kollaboratioun ass schonn ugeduecht an et ginn nach genuch Iddie fir ze verwierklechen. Am Dezember kann een Herr Bender direkt 2 mol erliewen, eng Kéier zu Diddeleng, déi aner Kéier an der Abtei Neimënster.

28/11/2022 Am Takt: Herr Bender
RTL

Den Eric Nosbusch, och Nosi genannt, ass definitiv keen onbekannte Gesiicht an der Lëtzebuerger DJ-Zeen. 2016 ass de jonken DJ a Produzent an d'Musek agedaucht, nodeems en am Lycée DJ'en am Optiounscours fir sech entdeckt huet. Zanterhier versuergt hien eis reegelméisseg mat neien Tracks - esou dann och viru gutt 10 Deeg. D'Valeria Wiwinius huet mam Nosi geschwat.

28/11/2022 Am Takt - DJ Serie: NOSI
RTL

Da war och de Pascal Dechmann an dëser Sendung bäigeschalt fir iwwert seng nei Single Perfect Stranger ze schwätzen, e Lidd dat erëm mat der Sängerin Sonna Rele entstanen ass, iwwregens Lidd Nummer 9 tëscht dem Lëtzebuerger an der brittescher Sängerin. Ma et ass nach ganz e bësse Material iwwereg an esou kënnt Ufank 2023 eng 10. a lescht Single vun Dechmann/Rele eraus. Duerno huet de Pascal awer schonn en neie Projet an der Nues

28/11/2022 Am Takt: Pascal Dechmann
RTL

De Sébastien Thiry, besser bekannt als MiSolEy, ass e jonke Sänger-Songwriter deen zanter e puer Joer aktiv an der Lëtzebuerger Musekszeen matmëscht. Vue dass hien aus enger musikalescher Famill kennt, war hie vu Klengem un, vill mat Musek a Kontakt, huet als Kand Solfège gemaach a war laang Zäit an der Harmonie. Am Lycée huet hie sech du selwer Gittar spille bäibruecht an ugefaangen eege Lidder ze schreiwen. Leschte Freiden ass dann och elo eng nei Single vun him erauskomm: "ONLY WE KNOW".

28/11/2022 Am Takt: MiSolEy am Portrait

"ONLY WE KNOW" ass bei Wäitem dem jonke Museker säi emotionaalst Lidd a schwätzt, ënner anerem, iwwer d'Complicitéit déi een an enger Bezéiung huet. Fir dëst Joer ass et dat lescht Lidd wat hien erausbruecht huet. D'nächst Joer kommen zwar erëm nei Releasen op eis duer. D'Prioritéit géif awer dorop leien, méi Live-Optrëtter ze kréien an u sengem Songwriting ze schaffen. Inspiréiert ass de MiSolEy engersäits vu sengem perséinleche Liewen, ma och aktuell Release vun anere Museker, Saachen, déi seng Liblingsartisten erausbruecht hunn, Geräischer aus der Natur an divers Museksgenren an -epoche fléissen an de Prozess eran. Vun elektronesche Beats bis hin zu 60er Jore Klassiker léisst de Sébastien alles op sech awierken. Deemno ass d'Resultat genausou diversifiéiert ewéi seng Inspiratiounsquellen.

RTL

Iwwert déi lescht 2 Joer ass dem T The Boss seng nei EP Fighter entstanen, déi e Freiden (25/11/2022) offiziell erauskomm ass. 7 ganz perséinlech Lidder, wéi de Rafael am Interview erkläert, wouvunner eent dann och Deel vun engem Soundtrack ass. Wien de Rapper Live erwësche wëllt, sollt sech de 17. Dezember opschreiwen, dann ass den T The Boss an der Rockhal um Mooffest.

28/11/2022 Am Takt: T The Boss

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder..... you know)