E Chrëschtdagslidd vun De La Mancha, eng nei Single vum Turnup Tun, den John Rech am Interview wéinst 15 Joer Opderschmelz, e Preview op de Podcast Podpourri vun dëser Woch mat Rome an de Lëtzebuerger DJ Maximillion deen no laange Joren zu Hamburg seng Zelter erëm zu Lëtzebuerg opschléit.

05/12/2022 Am Takt: John Rech, Rome & Maximillion
RTL

De Centre Culturel Opderschmelz zu Diddeleng ass net einfach nëmmen e Sall an deem Concerten organiséiert ginn. Déi ganz Infrastruktur an der Forge du Sud begréisst och national, deels international Kënschtler, fir sech weider z'entwéckelen. Besonnesch am Jazz sinn déi lescht 15 Joer vill Museker zu Diddeleng an- an ausgaangen. Dëse Samschden (10/12/2022) gëtt dee Gebuertsdag mat enger helle Wull Artisten, déi vun dëser "Residenz" profitéiert hunn, gefeiert.

05/12/2022 Am Takt: John Rech
RTL

"Hegemonikon" heescht déi neien - a 17. Album - vun der Lëtzebuerger Band Rome, déi virun 17 Joer gegrënnt gouf. Den Album ass awer scho virun e puer Méint fäerdeg opgeholl ginn, mee eréischt elo kënnt en eraus an dat zäitgläich mat der Tournee, op där se grad sinn. De Frontman vu Rome ass de Jérôme Reuter, déi jo och an de leschte Méint eng EP presentéiert hat mat Lidder fir d'Ukraine. Virum leschte Concert vum Joer nächste Samschdeg an der KUFA zu Esch, huet hien am Podcast-Interview mam Christiane Kremer vill a laang iwwer säi Wee bei d'Musek geschwat, iwwer seng Texter an natierlech och iwwer déi aktuell Tour an den Album.

05/12/2022 Am Takt - Interview Podcast Jérôme Reuter
RTL

An eiser DJ Serie schwätze mir haut iwwer e Lëtzebuerger DJ a Produzent, dee sech réischt viru Kuerzem rëm fest zu Lëtzebuerg installéiert huet. Nodeems de Max Fellinger, alias Maximillion, nämlech 12 Joer zu Hamburg gelieft, geschafft an opgeluecht huet, mëscht en elo rëm an eiser lokaler Zeen mat a mir sinn definitiv net rosen doriwwer. Schonn am Lycée huet de Max säi Faibel fir Musek ausgelieft, deemools nach a Bands. Iergendwann huet hien dunn awer ugefaange selwer Musek ze maachen an ass an d'DJen a Produzéieren eragefall. Iwwer déi lescht 12 Joer huet hie sech hei zu Lëtzebuerg, awer och zu Hamburg, wou hie jorelaang gelieft huet, an zu Berlin, als Maximillion eng remarkabel Reputatioun als DJ a Produzent opgebaut. Nieft reegelméissege Live-Gigs bréngt de Maximillion zimmlech dacks nei Tracks eraus. Elleng dëst Joer koumen 3 Remixen, 2 Singlen an 3 EPen op de Maart. De leschten Drop war am August a war eng ofgerënnten House-EP mam Titel "Butter". Da geréiert hien och nach, zesumme mat engem DJ-Kolleeg, den elektronesche Museks-Label "Lauter Records". Ausgangs dës Joers brénge si dann och erëm eng nei Compilatioun eraus, op där, ënner anerem de Maximillion ze héieren ass.

05/12/2022 Am Takt - DJ Serie: Maximillion

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder......... tööörööö)