De Lex invitéiert erëm an d'Rockhal op d'Moofest, selbstverständlech ass den Erléis fir de gudden Zweck. Mam Mathias Treine si mir ewell beim DJ Nummer 6 an eiser Serie ukomm an Attitude invitéierten e Samschden an d'Hal op Uewerkuer fir Hall O Metal.

12/12/2022 Am Takt: Moofest, Mathias Treinen & Hall O Metal
RTL

E speziellt Joer fir d'Grupp Moof; viru genee 30 Joer ass hir Story lassgaangen, am Kader vun der Rocklab Session huet de Lex mat senge Leit en neit Lidd virgestallt an e Samschden ass endlech erëm Moofest. Natierlech mat Moof, Heavy Petrol, Weakconstruction an ënner anerem T The Boss. A wéi de Corona-Noutfall-Plang ;) ausgesäit, huet de Lex vu Moof natierlech och verroden.

12/12/2022 Am Takt: Moofest
RTL

An eiser DJ-Serie si mir bei Nummer 6 ukomm a schwätzen iwwer een DJ, deen trotz jonkem Alter, sech schonn eng impressionant Reputatioun zu Lëtzebuerg opgebaut huet an awer och schonn, ënner anerem, zu Berlin an Den Haag ënnerwee war. Riets geet vum Mathias Treinen. Wéi hien iwwerhaapt mat DJen ugefaangen huet a wat eis an nächster Zäit nach esou erwaart, zielt eis elo d'Valeria Wiwinius.

12/12/2022 Am Takt: DJ Serie - Mathias Treinen

Mat knappe 16 Joer huet de Mathias Treinen ugefaangen éischt Erfarungen als DJ ze sammelen. Lassgaangen ass et fir de Mathias als Deel vun engem Duo, ma an der Tëschenzäit ass hie meeschtens eleng hannert dem Mëschpult ze fannen. An och sos huet sech sou Munches iwwer déi lescht Jore gedoen. De 16.Dezember kann een hie live am Atelier materliewen. Hei spillt hien de Closing, zesumme mat e puer aneren DJen, fir Klangkarussell.

RTL

A fir Lost in Pain ass e Samschden e ganz speziellen Dag; se spillen hire leschte Concert an der Hall O zu Uewerkuer. An dat maache se sécher net eleng; nieft Lost in Pain trieden ënner anerem och Cosmogon, Fusion Bomb, Blanket Hill an Desdemonia op. Den Hugo Nogueira Centeno, Sänger bei Lost in Pain a President vun Attitude, huet d'Fest virgestallt.

12/12/2022 Am Takt: Hall O Metal

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi ........ tschakka)