Lescht Sendung vum Joer. Net traureg sinn, Am Takt kënnt erëm, spéitstens den 9. Januar 2023. Déi Kéier mat Virfreed op déi nächst The Tame and The Wild-Single, mol erëm op däitsch, engem neie Lidd vu Superdrive, e Stéck vun Them Lights awer reworked an e puer Chrëschtdagslidder vun Heiheem.

19/12/2022 Am Takt: The Tame and The Wild & Cdric
RTL

Fir dee leschten Episod Am Takt vum Joer hat sech de Flëpp vun The Tame and The Wild ugemellt. D'Grupp wollt d'Dosen nach voll maachen, a presentéieren dëse Freiden (23/12/2022) e 6. Lidd fir dëst Joer a verroden och datt déi nächst Single scho guer net méi souwäit aus de Féiss ass an datt eng Zort "Release"-Concert am Februar geplangt ass.

19/12/2022 Am Takt: The Tame and The Wild
RTL

De 7.DJ an eiser Serie ass de Cedric Halsdorf. Ugefaange mat DJen huet hie wärend dem éischte Lockdown, mat der Iddi seng Passioun fir elektronesch Musek an eppes méi Konkretes ëmzewandelen.

19/12/2022 Am Takt: DJ Serie - CDRIC

Am Schnëtt leet de Cedric 2 bis 3 Mol am Mount op. De Fakt, dass hie viru ronn engem Joer de sougenannte "Moonshine Kollektiv" mat lancéiert huet, huet d'DJe fir hie just nach méi konkretiséiert. De Kollektiv besteet aus dem Cedric Halsdorf, Alec Hilbert, Raphaël Betti a Pit Majerus. Lassgetruede gouf dat Ganzt,  wéi si eng Party organiséiert hunn, déi vun den 1920er Joren inspiréiert war, an déi "Moonshine" geheescht huet. Zanterhier organiséiere si reegelméisseg Evenementer, ënner anerem dann och déi faméis "Moonshine". Zil wier et awer net vill Evenementer z'organiséieren, mä éischter, gutt duerchduechte Projeten ze realiséieren.

Dat nächst Event vum Moonshine Kollektiv ass och elo schonn an de Preparatiounen - do kann ee sech also ufanks vum nächste Joer drop freeën. Méi Detailer ginn et op hirem

An hei nach d'Playlist vum leschten Episod Am Takt vun dësem Joer (sou wéi d'Lidder....... jaja)

Schéi Feierdeeg an a Happy New Year