"*Happy New Year*" wéi se a Frankräich soen. Da si mir erëm do fir vill Musek vun heiheem kennenzeléieren a virzestellen. Bekannte Gesiichter sinn am éischten Episod vun dësem Joer dobäi, den Tun Tonnar (Turnup Tun) dee mam Chaild e Lidd opgeholl huet, et gëtt och nei Musek vum Luc Spada, da léiere mir den Tom Scheer kennen, dee mat Drum'n'Bass ronderëm d'Welt reest an och den Noah dee seng Zelter eng Zäitchen am Grand-Duché opgeschloen hat an ënner anerem hei an d'Schoul gaangen ass.

09/01/2023 Am Takt: Noah, Master Error & Turnup Tun feat. Chaild
RTL

Südafrika, Südfrankräich, England a Lëtzebuerg. Iwwerall do huet den Noah méi oder manner laang gelieft. A Südafrika op d'Welt komm, dunn a Südfrankräich geplënnert fir dann hei am Grand-Duché ze landen an hei an d'Schoul ze goen. Mëttlerweil ass den Noah awer och an England doheem an ass am Gaange vun do aus seng musikalesch Karriär ze starten. De jonken Artist kënnt awer nach reegelméisseg op Lëtzebuerg sou dann och fir sech a seng Musek Am Takt virzestellen.

09/01/2022 Am Takt: Noah
RTL

Ausgangs Dezember hunn den Turnup Tun an Chaild zesummen eng Single mam Titel "Camouflage" erausbruecht. Dass déi zwee Artisten zesumme schaffen, si jo keng Nouvellen - dass si awer op deem nämmlechten Track zesumme sangen, ass eng ganz aner Geschicht. Virun allem, den Chaild, deen een elo déi éischt Kéier emol op Lëtzebuergesch sangen héiert.

09/01/2023 Am Takt: Turnup Tun & Chaild "Camouflage"
RTL

© csermakphotos

Do si mir rëm mat der Serie iwwer d'Lëtzebuerger DJ-Zeen. Den Éischten dee mir iech dëst Joer virstellen, ass den Tom Scheer, deen ee warscheinlech awer éischter als Master Error kennt. Den 23 Joer jonken DJ a Produzent ass haaptsächlech am Drum&Bass Doheem an huet sech hei iwwer di lescht Joren en Numm souwuel hei zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland gemaach. Wann ee sech e bësse mat der Drum&Bass-Zeen auskennt, dann ass d'Warscheinlechkeet grouss dass ee schonn emol den Numm "Master Error" héieren huet. Hautdesdaags ass hien weltwäit um Tour, ma mir hu mat him driwwer geschwat, wéi dat Ganzt iwwerhaapt lassgaangen ass a säi Parcours bis elo méi genau ënnert d'Lupp geholl.

09/01/2023 Am Takt: DJ Serie - Master Error

A wiem dat elo Loscht ginn huet, de Master Error eng Kéier live matzëerliewen: de 14.Januar spillt hien zu Leicester an England bei "Urbane Events". Wiem dat ze wäit ass: den 3. a 4. Februar ass hien zu Antwerpen, respektiv Ghent ënnerwee. Méi Informatioune fënnt een op senge soziale Medien.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder rama lama ding dong, och am neie Joer an esou)