Alt erëm eng gutt gefëllte Sendung; déi Kéier mat Indie-Rock vun The Tangerine Trees, Techno vu Rec-Two an Alternative Rock vun Next Deed, engem Release-Concert vu Bartleby Delicate an enger neier Single vum Chaild.

23/01/2023 Am Takt: The Tangerine Trees & Rec-Two
RTL

Eigentlech huet d'Geschicht vun The Tangerine Trees no engem Festival mat Coldplay a Richard Ashcroft 2005 ugefaangen. E Joer méi spéit war d'Grupp gegrënnt an huet een och séier Plaz (deemools) an der (nach ganz neier) Rockhal fonnt fir do zesummen ze prouwen. D'Studéieren huet dunn awer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach a sou sollt et iwwer 10 Joer daueren ier The Tangerine Trees op de Release vun hirem Debutalbum invitéiere kënnen. Esou lues awer sécher gëtt et eescht, den Album ass sou gutt ewéi fäerdeg an d'Sich no engem Sall ass am Gaangen. De Rescht erklären de Gilles, Thierry a Chache am Interview.

23/01/2023 Am Takt: The Tangerine Trees
RTL

Dës 9.Woch an eiser DJ-Serie réckelt erëm en DJ-Duo an de Fokus. De Joe Scholtes a Massimo Morocutti sinn net nëmme bescht Kolleege mä maachen zanter 2017 och als "Rec-Two" d'Techno-Zeen hei am Land zesummen onsécher. Wéi si ugefaangen hunn, ware si gréisstendeels am "Tech-House" ënnerwee. An der Tëschenzäit spille si awer e gutt Stéck méi séier an d'Tracks ginn éischter a Richtung "haarden Techno".

23/01/2023 Am Takt: DJ Serie - Rec-Two

Hir nächst Release wäert en Track mam Titel "Astral Projection" sinn, dee kënnt de 17.Februar eraus.

An um Wupp nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (sou wéi, you know)