Am leschten Episod fir de Mount Januar gëtt et ënner anerem fir Gruppen an Artisten interessant, déi sech nach besser, oder iwwerhaapt, etabléiere wëllen. De Rocklab kann do eng Hand upaken zum Beispill mat hire Rocklab Sessions, aus deenen dann elo d'Rocklab Live Sessions ginn. Nei Musek gëtt et och net ze knapps; vum Angel Cara, Edsun an Tuys. An a punkto DJ maache mir Statioun beim Waztoo, deen dëst Joer schonn 20 Joer an der Zeen aktiv ass.

30/01/2023 Am Takt: Rocklab Live Sessions & Waztoo
RTL

De Sam Reinard vum Rocklab war dës Kéier bäigeschalt. Et ass mol drëms gaange fir d'Aarbecht vum Rocklab z'erklären, wat gëtt eigentlech do gemaach, a fir zwou Plattforme virzestellen déi den nationale Kënschtler hëllefe kann, sech besser oder iwwerhaapt ze positionéieren. Eng vun deene Plattformen heescht Rocklab Sessions a gëtt elo a Rocklab Live Sessions ëmgedeeft. Deen neien Numm bréngt net nëmmen dem Artist eppes, mä quasi all Mënsch dee Loscht nei Musek vu lokale Kënschtler kennenzeléieren. Dir gitt alles am Interview gewuer.

30/01/2023 Am Takt: Rocklab Live Sessions

An hei e Beispill vun enger Session

RTL

© Arthur Ranzy

Den DJ vun dëser Woch brauch wuel keng Intro méi: mat iwwer 26.000 treien Nolauschterer op Spotify eleng an enger Mass u gespillte Concerten zu Lëtzebuerg an am Ausland, ass de WazToo ouni Doute ee vun de gréissten DJen, déi mir den Ament am Land hunn. Dëst Joer feiert hien och e Jubiläum: 20 Joer am Business. A fir dat matzefeieren, huet d'Valeria Wiwinius mat him e klenge Réckbléck op seng Karriär bis elo gemaach a sech informéiert wat mir eis dëst Joer alles vun him erwaarde kennen.

30/01/2023 Am Takt: DJ Serie - WazToo

Natierlech huet säi Museksstil iwwer d'Jore staark changéiert. Obschonns hie sech ongär an eng Kategorie anuerdne léisst, wier dem WazToo "progressiven House mat EDM Elementer, verfeinert mat hollänneschem "Hard Dance" déi léifst Beschreiwung. Nieft de musikalesche Changementer huet hien och vill grouss Momenter gefeiert. Engersäits kéim do d'Release vu "Can't forget you" an de Kapp, anerersäits säin Owend am renomméierte Londoner Club "Ministry of Sound" an och sos ass den internationalen Echo immens positiv bis elo gewiescht.

Bleift nach d'Playlist vun dësem Episod (deen een Text do, datt een do net all Lidd fënnt)

An als Ofschloss de Video vun der neier Tuys-Single