
Volle Programm. Och fir déi éischt Editioun am Mount Februar. D'nächst Woch (16. Februar) presentéiere sech 2 Artisten am Kader vun de Rocklab Live Sessions um Floor vun der Rockhal. An dësem Episod Am Takt léiert dir den Chasey Negro an de Médar kennen, donieft geet dann och d'Serie vun den DJen hei zu Lëtzebuerg weider, déi Kéier steet de Leo Friedrich am Fokus.
Den Chasey Negro profitéiert schonn eng 2 Joer vun den Installatioune vum Rocklab a kann do seng Passioun verfeineren. De Rapper huet am Interview erkläert wéi hien u seng Musek erugeet, wat an Zukunft vun him z'erwaarden ass a wat d'Zesummenaarbecht mam Rocklab him als Kënschtler bréngt.
Dee selwechten Dag (16. Februar) steet dann och de Médar op der Bün vum Floor an der Rockhal. De Médar, hei zu Lëtzebuerg gebuer mat Originne vu Mauritius, mécht alles an Eegeregie, sou datt hie komplett d'Kontroll iwwert seng Musek huet. An en Tirang léisst hie sech net sou richteg stiechen, well hie probéiert ëmmer nees nei Kläng an Téin ze schafen.
Hei geet et bei de Concert vum Chasey Negro a Médar
image id="313243"]
Nodeems mir déi lescht zwou Woche jo e bësse méi "upbeat" ënnerwee waren, geet et dës Woch weider mat engem Techno an House DJ a Produzent. Zanter 2017 ass de Leo Friedrich an der Zeen aktiv, an dat, och ëmmer méi am Ausland.
Vum "Mauerpfeiffer" zu Saarbrécken iwwer d'"Bootshaus" zu Köln bis hin zum "Suicide Circus" zu Berlin: zanter senge luesen Ufäng viru 6 Joer ass de Leo ferm erëmkomm. Zanter 2017 ass hien och Deel vum "Lauter Unfug" Kollektiv an, wann ee lo iwwer eis Grenzen erauskuckt, de "Freunde der Nacht". An noer Zukunft wäert de Leo awer am meeschten zu Réimech ënnerwee sinn. Viru kuerzem huet hien nämlech seng eege Bar um éischte Stack vun der Gare Routière opgemaach.
An da bleift nëmmen nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder..... jumtatatralala)