
Trash-Metal, Elektro oder awer Fuesmusek? Op Fuesméindeg ass alles méiglech. Praetor stellen e Samschden an der Rockhal hiren Debutalbum vir, de Fais le Beau ass den DJ vun der Woch an no 10 Joer Paus ass den Dieter D. erëm do.

An der Fuesent dierf och gerockt ginn, zemools wann den Hugo mat senger Band Praetor op de Release vum Debutalbum an d'Rockhal invitéiert. En Album deen awer 4 Joer op sech waarde gelooss huet, den Hugo erkläert am Interview firwat, grad ewéi firwat den Album keen Titel huet a firwat ee sech decidéiert huet kee Konzeptalbum ze maachen.
Hei geet et bei de Praetor Concert an der Rockhal

Den DJ vun dëser Woch ass den Diego Cozzi, besser bekannt als "Fais le beau". Seng Passioun fir d'DJen huet hien zu Bréissel entdeckt. Zanterhier sinn awer schonn nees gutt 10 Joer vergaangen an deenen hien eng ganz Partie Meilesteng hat. D'Valeria Wiwinius huet mam jonken DJ op säi Parcours zeréckgekuckt a sech informéiert, wat an nächster Zäit nach op eis duerkënnt.
Den Diego Cozzi ass zanter gutt 10 Joer an der Bréisseler DJ-Zeen aktiv. Allgemeng ass hie vill am House, Disco an Techno-Beräich aktiv, experimentéiert awer och emol mat trance a progressive Sub-Genren. 2017 huet hien, zesumme mat engem Kolleeg, en neie Projet lancéiert, deen de Leit, déi sech mam Bréisseler Nuetsliewen auskennen, dierft e Begrëff sinn: d'GayHaze. Donieft leet de Fais Le Beau awer och dacks an anere Clubben op an ass och um Kiosk Radio ze fannen, wou hien ee Mol de Mount eng eege Show huet.

Um 2. Doudesdag vum Fausti, deen op Fuesméindeg fält, war natierlech och d'Fuesmusek en Thema Am Takt. Ee Personnage vun deem een a leschter Zäit net all ze vill héieren huet, hat dëse Weekend awer erëm all Hänn voll ze dinn. Den Dieter D. ass erëm do an invitéiert op Bëttel, sou heescht seng nei Single.
An da bleift nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi ...... tralalalalalalalalala)
Ups; nach eppes vergiess. Hei nach de Video vun Atomic Rocket Seeders