Mir si beim DJ Nummer 13 ukomm, respektiv geet et dës Kéier erëm ëm een DJ-Duo. Am Géigesaz zu de viregen Duo'en, läit de Fokus dës Kéier awer op zwou Dammen. D'Shania Schaber a Charlotte Elsen hu sech iwwer déi lescht zwee Joer eng Reputatioun opgebaut als Shacha a sinn an der Tëschenzäit dee bekanntste weiblechen DJ-Duo am Land. D'Valeria Wiwinius huet déi zwee bësse besser kenne geléiert.

27/02/2023 Am Takt: DJ Serie - Shacha
RTL

© Philippe Schroeder

Wéini genau di zwee hir Passioun fir d'Musek an d'DJen entdeckt hunn, doriwwer léisst sech diskutéieren. Fir d'Shania war et wärend engem Trip op Cap Stad, wou d'Charlotte deemools gelieft huet.

Sou richteg lassgaangen ass et dunn, wéi d'Charlotte sech e Controller kaf huet a si ugefaangen hunn e bëssen z'experimentéieren, dat och deelweis am Mesa Verde viru Leit. Hiren éischte richtege Gig hate si du virun annerhallwem Joer op engem Gebuertsdag an zanterhier ass et och ferm viru gaangen.

Aner Plaze wou si schonn opgeluecht hunn, sinn zum Beispill den Atelier, Bonne Nouvelle Bar, Villa Vauban, d'Lëscht geet virun. Fir den Ament fokusséiere si sech gréisstendeels op Lëtzebuerg, obschonns weder d'Shania nach d'Charlotte hei wunnen. Den Ament studéiert d'Shania nämlech zu Madrid an huet do och deelweis dann och eleng Gigs, an dat nämmlecht gëllt fir d'Charlotte, wat awer zu Wien ass. Dass si net am nämmlechte Land liewen, wier fir si och näischt Neies.

Virun de Gigs, probéiere si dann awer ëmmer eng Kéier zesummen ze üben - dat geet via FaceTime nämlech éischter schwéier, och wann d'Rollen zimmlech gutt opgedeelt sinn.

De Fakt dass si zu zwee sinn, hätt virun allem den Astig an d'DJ-Zeen méi einfach gemaach. Allgemeng wier et nämlech sou, dass nach ëmmer méi Männer wéi Fraen an där Industrie sinn.

Den nächste Schrëtt wier elo emol a Vinyl-Coursen ze goen a mat Placken opzeleeën, an allgemeng méi Gigs ze spillen.

Hiren nächste Gig ass iwwregens den 22.Mäerz zu Wien a am Mee gesäit een déi zwee da rëm beim ING Marathon. Méi Informatiounen dozou fënnt een dann deemnächst op hirem Instagram-Account.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder........... )