

Deen éischten Episod Am Takt fir de Mount Mäerz hu mir mam Josh Island ugefaangen. D'lescht Joer ass hien als Duo duerch den Norde vun Däitschland getourt, dëst Joer am September kënnt den Album endlech eraus an dëse Samschden (11/03/2023) huet de Museker en Optrëtt am Trifolion zu Iechternach, wat u sech och e spezielle Concert gëtt, well den Josh mat Band optrëtt.
Hei geet et bei de Concert am Trifolion

© David Günther
Och dës Woch léiere mir an der DJ-Serie erëm en Duo kennen. Déi zwee Häre sinn eenzel scho gutt 25 Joer am Nuetsliewen aktiv an zanter 6 Joer deele si sech d'Plaz hannert dem Mëschpult. De Mark Netty an Hugo Hp, besser bekannt als Netty Hugo, sinn awer net nëmmen DJen a Produzenten, mä organiséieren och reegelméisseg Eventer, a kruten 2019 de "Best Electronic DJ"-Präis bei de Luxembourg Nightlife Awards. D'Valeria Wiwinius huet mam Mark Netty iwwer hire Parcours bis elo geschwat a sech informéiert wat elo an nächster Zäit nach usteet.
Hiren éischte Gig hate si am renomméierte Club "Fabrik" zu Madrid. Zanterdeem hu si schonn zu Berlin, Beirut, Paräis, Bréissel an Amsterdam gespillt, fir der elo e puer ze nennen. Ausgangs dës Joers ass dann och eng Südamerika-Tour geplangt an, wann alles gutt geet, och eng Tour duerch Indien.
Nieft dem Produzéieren an Opleeën, sinn Netty Hugo och fir hir Eventer bekannt. Zil wier et, dass d'Lëtzebuerger net ëmmer mussen honnerte vu Kilometer fueren, mä och emol am eegene Land grouss DJen nolauschteren. Wéi wann dat lo nach net genuch wier, huelen déi zwee sech och nach d'Zäit fir méi jonken DJen ënnert d'Äerm ze gräifen. Dat ass ënner anerem de Fall mat Rec-Two gewiescht, déi wärend eisem Interview den Duo als hir "Mentoren" bezeechent hunn.
Iwwer déi nächst Méint kommen eng ganz Rëtsch nei Release vun hinnen eraus an hiren nächste Gig ass dëse Freiden, den 10.Mäerz, am Lenox.

Wa mir scho bei Release sinn; Enn d'lescht Joer ass den 2. Album vum Gilles Grethen Quartett "State of Mind" erauskomm, huet deen och am Arca zu Bartreng virgestallt an ass dëse Freide (10. Mäerz) mam Quartett zu Maarnech am Cube 521. Wéi de Gilles bei d'Musek komm ass, firwat hien net bei sengem éischten Instrument bliwwen ass a wéi schwéier (oder liicht) et ass engem Jazz-Lidd en Titel ze ginn, erkläert de Museker am Interview.
Hei geet et bei de Concert am Cube
An da bleift nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze fanne sinn)