
Dat war nees e gutt gefëllte Cru fir sou e Méinden Owend. Mat u Bord den Tun Tonnar, aka Turnup Tun, mat deem de Projet "Eis Stëmmen" virgestallt ginn ass. Foreigners an The X si sech virstelle komm, well d'nächst Woch (23/03/2023) eng Rocklab Live Session mat hinnen an der Rockhal ass an d'DJ-Rubrik war déi Kéier fir Iceleak reservéiert.

Gëschter (12/03/2023) gouf deen éischten Titel vun "Eis Stëmmen" der Ëffentlechkeet presentéiert. An den nächsten 8 Woche kënnt all Sonnden een Titel vun engem Lëtzebuerger Artist eraus, Lidd a Video, am Kader vum Waljoer 2023. E Mann deen eng Grëtz méi an de Projet involvéiert war, lauschtert op den Numm Turnup Tun (et ass den Tun). De Museker huet net nëmmen 2 Lidder bäigesteiert, 2 mol mam Chaild, mä war och fir d'Produktioun vun den 8 Lidder zoustänneg. Am Takt huet den Tun erzielt wéi dës Erfarung war.
Hei kritt dir weider Informatiounen (an de Video vun Dream Too Much)

Déi nächst Gäscht war de Grupp Foreigners. De Kevin an d'Yliana si schonn eng Zäitchen aktiv, duerch iergendee Virus op deen een elo net méi wierklech agoe muss, hunn hir Kreatiounen awer op sech waarde gelooss. En Deel vun der ass elo scho publizéiert an et kënnt nach eng Jett no.

© Margaryta Bushkin / Muccitas
Nodeems mir d'lescht Woch jo wierklech knéi déif am Techno waren, geet et dës Woch e bësse méi gemälleg weider an zwar mam Nelson Tordera a Filippo Gorla. Déi zwee hu viru gutt 6 Joer hire Projet "Iceleak" lancéiert an domat bis elo en zimmleche Succès gehat. D'Valeria Wiwinius huet mam Filippo e klenge Réckbléck gemaach an nogefrot, wat eis an nächster Zäit erwaart.

Souwéi Foreigners hunn och The X den 23. Mäerz 2023 eng Rocklab Live Session an der Rockhal. Dee Concert ass am Floor um Belval an ass u sech eng ideal Plaz fir sech dem Public an engem intime Kader ze weisen. D'Sarah an de Yacko vun The X sinn och mat ganz vill Passioun bei der Saach an hu sech ënner anerem, wärend nëmmen enger Nuecht, decidéiert fir op d'Beléiftheet vun der Serie Stranger Things ze reagéieren an hunn eng eege Versioun vu Running Up That Hill ëmgesat.

Tickete fir de Concert vu Foreigners an The X ginn et HEI
A wéi ëmmer nach d'Playlist vun dësem Episod Am Takt (och déi Kéier mat der Prezisioun datt net all d'Lidder (nach) op der Plattform ze fanne sinn)