Volle Programm fir den Episod vum 20. Mäerz. Mat u Bord; Alfalfa déi dat 2. Lidd am Kader vun "Eis Stëmmen" stëften. De Läb war do fir iwwert de Release vu "Ween ass am Haus-gemaach?" ze poteren. D'Amii Watson an den Jimmi Harvey waren de 16. Deel vun der DJ-Rubrik a mat Next Deed huet sech och nach eng nei Band, mat bekannte Gesiichter, virgestallt déi den 1. Abrëll an d'Rockhal invitéiert.

20/03/2023 Am Takt: Alfalfa, De Läb, Jimmi Harvey an Amii Watson & Next Deed
RTL

"Eis Stëmmen" ass gëschter (19/03) an déi 2. Ronn gaangen. Dat 2. Lidd, vun am ganzen 8, ronderëm d'Waljoer 2023 geet op de Kont vun Alfalfa. Grond genuch fir den Charel Geimer an de Bert Jung an de Studio ze ruffe fir iwwer hire Message am Lidd Tell Me Why ze schwätzen.

20/03/2023 Am Takt: Alfalfa
RTL

Op Besuch war och den David Galassi vun De Läb. Déi fäin Dreck"*ç& aus dem Minett hunn neit Material a Form vun der Ep "Ween ass am Haus-gemaach?". D'Äntwert ergëtt sech vum selwen. Wat De Läb sech e Freiden (24/03) fir de Release an der Kulturfabrik zu Esch virgeholl huet, héiert dir am Interview

20/03/2023 Am Takt: De Läb
RTL

An der DJ-Serie si mir elo bei Nummer 16 ukomm. Dës Kéier geet et ëm d'Ami Watson an den Jimmi Harvey, déi d'lescht Joer hir siwe Saachen zesummegepaakt hunn a mat hirem Controller a Van duerch Europa wanderen.

20/03/2023 Am Takt: DJ Serie - Jimmi Harvey an Amii Watson

2019 huet d'Ami Watson seng éischt Optrëtter gehat. DJen u sech huet déi jonk Lëtzebuergerin awer scho laang virdru faszinéiert.

Am August 2022 hunn d'Ami an den Jimmi Harvey decidéiert hire Liewensstil radikal ëmzestellen a fir eng Zäitchen als "digital Nomads" mat hirem Van duerch d'Weltgeschicht ze fueren. Vue dass si allen zwee DJen, koum du séier d'Fro op, wéi si déi Passioun och ënnerwee weider kënnen ausliewen an deelen, an d'Konzept wat si doropshin ausgeschafft hunn, heescht "Flavor Trip".

Iwwer déi lescht 6 Méint hunn di zwee reegelméisseg nei Setten op hire YouTube Kanal eropgelueden an dofir zimmlech vill Opmierksamkeet kritt.

An der Tëschenzäit suivéiere bal 40.000 Leit, deenen zwee hire Parcours.Vu Kroatien, iwwer Griicheland bis hin zu Italien - u gudden Aussiichte feelt et bei hinnen op alle Fall net.

An et gesäit och net sou aus, wéi wann hir Rees sou séier géif op een Enn goen.

RTL

A last but not least; Next Deed am Studio. Nei Band mat bekannte Gesiichter, ënner anerem vun Elysian Gates a Vintage Gigolos. Déi nei Grupp rockt mat hirer neier EP "New Beginnings" The Floor vun der Rockhal e Samschden den 1. Abrëll. Gutt fir Si, manner fir iech; de Concert, op deem Fallen Lies am Virprogramm spillt, ass schonn ausverkaaft. D'Sue an de Lou kënnen awer ënner anerem mat aneren Datumer vertréischten.

20/03/2022 Am Takt: Next Deed

An da bleift nëmmen nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi, you know)