Lidd Nummer 3 vun "Eis Stëmmen", e rockege Moment mat Versus You a S.K.O.R. zu Maarnech, nei Musek vu Boy From Home an de Sami Dilla an der DJ-Rubrik. D'Bud voll People an esou.

27/03/2023 Am Takt: C'est Karma, Versus You, Boy from Home & Sami Dilla
RTL

E Sonnden (26.03.2023) ass dat 3. Lidd vun der Serie "Eis Stëmmen" erauskomm. Dowéinst war d'Karma Catena (C'est Karma) Am Takt fir iwwert säi Song "Blumm zu Stëbs" ze schwätzen. Firwat d'Artistin sech de Klimawandel erausgesicht huet a firwat dee schonn ëmmer en Thema war, huet d'Karma am Interview verroden.

27/03/2023 Am Takt: C'est Karma
RTL

Zu Maarnech gëtt e Freide (31.03.2023) probéiert wéi vill Rock de Cube 521 verdréit. Op Besuch si Versus You a S.K.O.R. an dowéinst dann och den Eric Rosenfeld (Versus You) an der Sendung bäigeschalt.

27/03/2023 Am Takt: Versus You X S.K.O.R
RTL

Op Besuch war dann och de Boy From Home, respektiv den Damien Giudice, dee sech seng Musek der Am Takt-Famill virstelle wollt.

27/03/2023 Am Takt: Boy From Home
RTL

A selbstverständlech war och d'DJ-Zeen en Thema a wann ee vun der DJ-Kultur hei zu Lëtzebuerg schwätzt, féiert praktesch kee Wee laanscht de Sami Dilla.

27/03/2023 Am Takt: DJ Serie - Sami Dilla

An da bleift nach d'Playlist vun dësem Episod